Equipement vum Chalet Print
Written by   
Saturday, 18 July 2009 18:13

Beschreiwung

De Chalet Nicolas Rollinger ass ee vun den zwéin nationalen Formatioun's-Zentren vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten. 1956 ass et mam Bau ugaangen an zënterhir gouf a regelmässegen Etapen dru virugeschafft. E groussen Deel vun den Aarbechten goufen vun de Scouten sëlwer gemat. Viru kuurzem gouf de Chalet renovéiert; en ass conforme mat de Secherheets- an Hygiènesnormen an gouf vun de kompetenten Institutiounen agrééiert. De Chalet ass fir 82 Persounen virgesin an och esou équipéiert. Eng Wiss mat Féierplaz ass virum Chalet an eng aménagéiert Campplaz ass umselwechte Site hannert dem Haus. Och wann de Chalet Nicolas Rollinger fir Formatiounen an Animatiounen esouwuel fir Guiden a Scouten, Jonktem oder Privatléit verlount get, esou spiirt een de Guiden- a Scoutsgeescht. Den Zënter ass prioritaër op fir organiséiert Guiden- a Scouts -oder Jugendgruppen. De Chalet gët nëmmen un ee Grupp an enger kéier verlount.

 

 

Beschreiwung vun der Infrastruktur

 

Rez-de-chaussée:

Entréesberäich, ékipéiert Kichen, Frigo, Gaz-Kachmaschinn, Schäffchen, Kichegeschier (Dëppen, Casserolen, Paanen, Telleren, Taasen a Läffelsgeschier), Spullmaschinn, Iessraum (55m2), Versammlungszëmmer, (13m2) grousse Sall mat oppenem Kamäin (133m2), Dëscher a Stil, Toiletten.

 

Sous-sol:

Stocken, Killzell an Tiefkühler, Toiletten, Douchen, Recyclingzenter

 

1. Stack: 44 Better

4 Dortoiren fir 6, 8, 12 respectiv 18 Leit, Sanitairen mat Toiletten

 

2. Stack: 32 Better

3 Dortoiren fir 9, 10 respectiv 13 Leit, Sanitairen an Toiletten



Den Ekippement vum Chalet huet:

Zentralheizung, Telefon, Flipchart, Botzmaterial an Kappkëssen.



Zu Laaschten vum Locataire:

D'Schloofsäck si matzebréngen.

d'Kafen vun Liewensmëttel an hier Zoubereedung

D'Botzen gëtt vum Locataire geméet oder en Botzservice gëtt verrechent.

 

Di komplett Beschreiwung vum Chalet ass hei

.

Last Updated on Thursday, 21 December 2023 21:25