Projet Native Village Print
Written by   
Saturday, 19 September 2009 21:00

De Native Village ass e Verbandsprojet vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an Zesummenaarbecht mat der Administration de la Nature et des Forêts (fréier "Eaux et forêts"). Iwwert de "Learning by doing" gët probéiert fir Guiden a Scouten, Schoulklassen a Jugendgruppen un eng  méi naturno Liewensweis erunzeféiren. D'Kenneléiren vun traditionnellen Liewensformen soll e méi bewosst Erliewen vun onser Ëmwëlt förderen. Um Beispill vun indianeschen Tipien, afrikanesche Casen oder engem nogebauten Keltenhaus kënnen Kanner a Jugendlech léiren wéi d'Indianer, d'afrikanesch Naturvölker oder d'Kelten geliewt hun. Aktivitéiten wéi Keramiksatelier, Brout baken, keltesch Spiller ... gin am Kader vum Projet Native Village ugebueden.

Fir méi iwwert d'pädagogescht Konzept gewuer ze gin, lies hei wéider oder contactéier w.e.g. de Bureau vun der Lëtzebuerger Guiden a Scouten ASBL:

Centre de Formation et d‘Animation «Chalet Nicolas Rollinger»

1, rue Principale

L-5290 Neihaischen

Luxembourg

 

Tel: (+352) 35 76 45

Fax: (+352) 26 35 21 66

GSM: (+352) 691 835 704

Email: This e-mail address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it


 

.
Last Updated on Monday, 22 October 2012 21:01