Vun 1959 bis haut Print
Written by   
Friday, 26 June 2009 23:16
Zënter ëppes kléngs iwwert 50 Joër ass dëse Chalet mat sénger Kapell, sénger Campplaz vun 50 a an sengem Scoutsbösch vun 3 ha am Service vun de Formatiouns-, Animatiouns- an Emwëltaktivitéiten vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

Inspiréiert vun de Formatiounscampen am Gilwell-Park zu London oder am Formatiounszënter vun de Scouts de France vu Jambville bei Paräis huet den Comité directeur vun den Lëtzebuerger Scouten den 22. November 1955 décidéiert fir en eegenen Trainingzenter ze bauen. Duurch en Don financier vun der Famille Rollinger konnt um Neihaischen Terrain kaf gin, vis-à-vis vun der Kapell, fir mat villen Scoutsbénévolen an an Zesummenaarbecht mat verschiddenen Entreprisen den éischten Formatiounszenter opzeriichten.

„Eischten“ ass ower net ganz richteg well et virdrunner zu Lampech eng Camplaz vun de Lëtzebuerger Scouten mat verschiddenen Camp-Infrastrukturen gouf déi dunn am Kader vun dem Projet Neihaischen verkaf goufen. D’Aarbechten woren am November 1958 faerdeg éier de Chalet dun offiziel den 1.Mee 1959 ageweit gouf. Et wor deemols och de Quarantenaire vun den Lëtzebuerger Scouten (LS). Esou koum et zu den Eischt-Mee-Kiirmessen an zu enger Rëtsch Gilwell-Campen um Neihaischen wéi dësläscht am September 2008. Ëmmer erem hun d’Scouten um Neihaischen bénévol gehollef fir nei Infrastrukturen beizebauen wéi de Gilwellschapp op der Campplaz am Cader vum Gilwell-Camp 1970 oder en Deel vun der Garagenentrée am Cader vun engem Préparatiounsweekend op ee vun de Camp-Chantieren am Senegal.

Mee de Chalet ass relativ séier ze kleng gin, Formatiounscampen si beikomm, nei sanitäer Ufuederungen a mi grous Schlofkapazitéiten hu missten hir. De Comité directeur vun den LS huet dun den Mot d’ordre «Neihaischen, eise Bau, eis Aarbecht» lancéiert an den Ausbau décidéiert. D’sougenannten Annexe ass vu baussen zum Deel iwwert den Daach, vu bannen duurch den Plätterchersusatz ze erkennen. Den néien Grousse Sal, nei Sanitaeren, besser Kicheninfrastrukturen, méi Dortoiren, en néien Atelier mat Campkeller an Garage goufen den 1.Mee 1978 ageweit. Ënn Nonzeger Joren gouf dunn d’Mise en conformité agelaud, combinéiert mat Renovatiounschantieren wéi enger néier Fassade an néie Fënsteren.

Zënter der Weltkonferenz am Januar 2011 a Brasilien ass de Chalet Nicolas Rollinger Kandidat fir SCENES-Zenter ze gin fir esou am weltwaiten SCENES-Réseau (Centres Scouts d'Excellence pour la Nature et l'Environnement) matzemaachen. Den 11.Juni 2011 gouf de Centre de Formation et d'Animation offiziel den 13.SCENES-Zenter wëltwäit.

Zeck nët fir den Neihaischen-Poster hei erofzelueden.

.
Last Updated on Monday, 11 July 2011 22:31