Vun 1952 bis haut Print
Written by   
Thursday, 02 July 2009 21:34

D'Relatioun tëschent dem Chalet Nicolas Rollinger an der Kapell Notre-Dame des Bois ass historësch gewues; wärend dem Zweete Weltkrich hun d’Lëtzebuerger Jongen déi an de Scouten woren e Verspriechen gemat: "Eng Promesse, datt wa mer heem kommen, mer eng Kapell bauen". Eng Promesse déi en fermt Engagement gouf.

1951 gouf de Bau vun der Kapelle vum Comité directeur vun de Lëtzebuerger Scouten um Lieu-dit «Hardt» hei um Neihaischen décidéiert. Den materiellen Don vun engem Terrain vun der Famille Fischer-Steffen vum Neihaischen, d’Vermëttlung vum deemoljen Commissaire Général Dr Charles Rischard vu Moutfort an d’Disponibilitéit vun den Léit vum Neihaischen fir de Scouten beim Bau ze hëllefen hun heifir beigedroen, datt den Neihaischen séng Kapell krut.

D’Chapelle Notre-Dame des Bois gouf den 1.Mee 1952 a Präsenz vum Monseigneur Léon Lommel an a Präsenz vum Chef-Scout, de Prënz Jean de Luxembourg, feierlech ageweit. D’Scoutskapell gouf zënterhir en Deel vun den Formatiounen an reliéisen Aktivitéiten wéi z.B. an der Zäit de Point de Départ vun verschidden Pélé des Jeunes. Eng sëllechen Guiden- a Scoutsbestiednisser, Kanddäf a Massen goufen an dëser Kapell gefeiert. Un eis ass et de Souvenir un d’Promesse wakreg ze halen. Féderatioun wéi ASBL, respektiv Comité Neihaischen engagéiren sech heifir.

E besonneche Merci der Schëtter Gemeng déi den Gaard ronderëm d' Kapell an der Rei hällt.

D’Kapelle Notre-Dame des Bois ass demno enk mam Neihaischen verbonnen. Géif et den Chalet Nicolas Rollinger gin wann et d’Kapell nët gi wäer? Ounst sech elo an Science Fiction ze verlafen, kann een ower soen, datt den Site vun der Kapell, d’Contacter di heiduurch entstaane sin, de Choix vum Site vum Trainingszenter vun de Lëtzebuerger Scouten beaflosst, wann nët esouguer bestëmmt huet.

Hei de Video vum WoGoDi 01.05.2020 um Neihaischen.

 

 

.

Last Updated on Sunday, 13 December 2020 20:35