Frënn vum Neihaischen Print

Léif Guiden a Scouten, léif Sympathisanten vum Neihaischen,

Als "Comité Neihaischen" si mir ëmmer frou fir moralesch, finanziell oder praktesch Hëllef um Neihaischen. Dofir hu mir d' «Frënn vum Neihaischen» lancéiert. D’Haaptakommes vum Comité Neihaischen besteet aus de Locatioune vum Chalet mat séngem Beréng. De Chalet ass zwar gudd beluecht, mée d’Käschten gin ëmmer méi grouss.

Duerfir siche mir zousätzlech Wéeër fir eis bénévol Aarbecht méi ze ënnerstetzen.

Duerch d’Iwwerweisen vun 10 Euro (oder méi) op eise Kont gës du "Frënd/In vum Neihaischen:

Lëtzebuerger Guiden a Scouten A.s.b.l. Comité Neihaischen

CCPLLULL IBAN LU30 1111 0294 1322 0000

Mentioun: «Frënn vum Neihaischen»

Du hëllefs eis esou nei Recetten ze kréien déi mir dann an d’Gestioun vum Chalet Nicolas Rollinger investéiren.

Wann’s du eis ënnerstëtz, da kriss du regelmässeg Nouvellen vum Neihaischen. Merci am Viraus fir Deng Unerkennung.

Gaer kanns du eis och op engem vun eise Schaffdeeg hëllefe kommen. Nofroe kanns du ënnert This e-mail address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it

Mat de bäschte Guiden- a Scoutsgréiss,

De Comité Neihaischen


Hei de Video vun der 1.Mee-Feier 2021 um Neihaischen.


Hei fënns du de Courrier vun der Amicale:


Courrier 2023/01

Courrier 2022/01

Courrier 2021/01

Courrier 2020/01

Courrier 2019/01

Courrier 2018/01

Courrier 2017/01

Courrier 2016/01

Courrier 2015/01

Courrier 2014/01

Courrier 2013/01

 

 

.