Den 1. Mee erennert fir genee ze sinn un 3 Datumer:
un d'’Aweiung vun der Kapell "Notre-Dame des Bois" den 1. Mee 1952, un d'Verspriechen an den Engagement vun de Scoutsresistenzler an natirlech och un d’'Aweiung vum Centre de Formation et d'Animation Chalet Nicolas Rollinger den 1.5.1959, respektiv un d’'Aweiung vun der Annexe um 1. Mee 1978, sou datt dësen Datum méi wéi symbolesch ass fir den Neihaischen.
Et sollt awer keng nei Kiirmes gin, mee e feierleche Rendez-Vous fir all Mataarbechter vum Neihaischen, vu fréier, haut a muer, sief dat elo de Comité Neihaischen, d’'Amicale Neihaischen, den AG Projet Native Village, Mataarbechter vum Keltenhaus, fréier 1.Mee'ler, Scoutsresistenzler an de Comité fédéral vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.
No enger ganz flotter Guiden- a Scoutsmass gehal vum Aumônier Général Pit Faber ronderem d'Thema vun der Relativitéit vun der Zäit, an no enger klénger, ma ergreifender Zérémonie beim Monument aux Morts goufen Fiirkel, gebootschte Gromperen mat Geméis opgedëscht. Den Erënnerungsdag 2010 konnt lues a lues bei Kaffi, Dessert an Billeranimatiounen 1952-2009 auskléngen.
Réservéier der elo schon den 1.Mee 2011 um Neihaischen.
De Comité Neihaischen