Fënsterdall-Camp-Equipement |
Written by |
Thursday, 02 July 2009 22:21 |
Ni vu ni connu: d‘Campplaz vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten am «Fënsterdall» De Fënsterdall bei Miersch ass e Geheimtip ënnert de Campplazen zu Lëtzebuerg. Se gehéiert der A.s.b.l. vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten a steet all Grupp zur Verfügung: • se ass ideal fir Gruppen bis maximal 100 Campeuren, • se ass d'ganzt Joër op, • op der Wiss matzen am Bösch sin en Iwwerdag, eng Féierpalz an chemesch Toiletten an der Camping’ssaison, • di idylesch Campplaz ass accessibel fir Gefirer an et gin eng hallef Dozen Parkingsméiglechkeeten, • op der Plaz fënnt een en Drénkwaasseruschloss an d‘Féierholz kann ee ronderëm am Bösch oprafen, • d‘Konstruktiounsholz gët op Demande (op manst zwou Wochen am Viraus) op engem Wôn op d’Campplaz gestallt fir d’Zäit vum Camp, dës Ufro kann natiirlech direkt an dem Réservéirungsformulaire gemat gin; verbëtzen Dënnestaangen musse leider verrechent gin. D'Iwwersiicht vum öffentlechen Transport zu Lëtzebuerg fënns de op der Mobilitéitszentral.
|
Last Updated on Tuesday, 28 February 2023 21:41 |