Lëtzebuerger Guiden a Scouten asbl

Centre de Formation et d'Animation Neihaischen

 

 

Home
Scotel v2

17/03/2020

Déi zwee National Formatiouns- an Animatiounszenteren zu Bilschdref an um Neihaischen, de Chalet Géisserei an d’Campplaz am Fënsterdall bleiwen zou bis d‘Covid-19/Corona-Crise eriwwer ass a kënnen an dëser Zäit keng Gruppen méi unhuelen. All Réservatiounen sin annulléiert an di betraffe Gruppe gin kontaktéiert.

Beim LGS-Shop besteet d’Méiglechkeet Uniformshiemer a Foularde geliwwert ze kréien. Dëst ass virun allem geduecht, fir Guiden a Scouten z’equipéieren, déi bei der aktueller B.A.-Aktioun zu Lëtzebuerg matmaachen. Et ass awer net méiglech Uniformen unzemoossen, d’Gréisst muss bei der Commande matgedeelt ginn. D’Commande ass w.e.g. entweder iwwert Mail op This e-mail address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it oder iwwert den Telefon 26 94 56 56 ze maachen.

Fir déi gréisser Aktivitéiten, déi am Mee geplangt sinn, wéi z.B. d‘ 1. Mee-Feier um Neihaischen, d’Bilschdrëfer Kiermes (21.Mee) oder de Bealtaine-Festival (30. & 31.Mee) gëtt d’Situatioun weider observéiert an evaluéiert eier d‘ Verantwortlech décidéieren an informéieren ob dës Activitéiten sinn oder nët.

 

 

 

 

 

 

 

 

.